De Midlife Chris

Déier am Verkéier Songtext / Lyric


De Midlife Chris - Déier am Verkéier Songtext


Déier am Verkéier Songtext
De Wécker deen ass de Moien net gaang'
ech sinn ze spéit opgestaan,
stinn an der Schlaang
eng rout Luucht am Duerf
säit engem Joer eng Péng
Ech tute' mol haart, vläit gëtt et éichter gréng Wat maachen déi Touristen à la Mëllerdall
hunn déi nach nie eng Bréck gesinn,
sie haalen all stall
Ouni Winker näicht, sie spille russesch Roulotte
an ech knalle bal dem giele Bus hannedrop

Refrain:
An mir kriwwelt et, a menge Schong,
ech hunn schlëmm Wieder op der Zong
ma nondikass, allez pousse le champigion
Ech sinn en Déier am Verkéier *yeah*

Kaltes Roll schwätzt vun Schaffes op der A4
dee blöde Stau do am Bierg ech fueren di méi op Tréier
hei gondlen rëm 3 Vélo'en niefteneen
All dir Hobby-Schlecken bleift dach all doheem
A grad wanns de denks, lo rullt et rëm gudd
dann gesäis de schonn vun Wäitem de Chauffeur mat Hutt
Hues de deen iwwerholl dann hengs de hannert dem Bauer
well den féiert säin Silo am léifsten an der Rush-Hour.

Ech riskéiren haut rëm mäin Bong,
léiwer du kënns mir net domm,
ma nondikass, allez pousse le champigion
An mir kriwwelt et an menge Schong ( a menge Schong)
ech hunn schlëmm Wieder op der Zong
ma nondikass, allez pousse le champigion
Ech sinn en Déier am Verkéier

Schonn rëm en Accident bei Kopplecht hanner Mierch,
wat maachen déi am Tunnel Markusbierg
Ech dréien mech op ee Mol e puer mol erëm,
dat ass normal ech sinn am Heichtergronn,
Hei lauert schonn di nächst Gefor
eng Petrolsspuer, ma sidd der lo
An mäin Handy léisst mëch am Stach,
dat lëtzebuerger Land ass e Funklach.

A.. mi ... iwwelt ... a men .. Sco..
Äert Gespréich ass ënnerbrach ginn.

(Refrain)

Ech bleiwe just nach doheem.

Dieser Songtext wurde von www.Deine-Songtexte.com heruntergeladen :)

"Déier am Verkéier" Video ansehen

Was denkst du über "Déier am Verkéier"?